Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

de Fränk virum Start zu Woltz

 
de Fränk virum Start zu Woltz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.06.2008
  • Gekuckt:
    28980
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f/5,6
  • Brennwäit:
    50 Festbrennwäit mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    150 KB
  • Originaldatum:
    7.6.2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=27825]
Kommentar vum Fotograf:
e Portrait beim Interview mam Ed Buchette virum Depart.
Klot 10.06.2008 - 20:58
Verstinn net, virwat sou Photoen wei dei heiten emmer nees den Wee op Photogen fannen. Meeschtens as eng mei oder manner bekannten Perséinlechkeet drop, dei awer der Photo menger Meenung no doduerch absolut net mei Geltungsbedarf gett, wei wann ech lo eng aal zerkniwwelt Bom aplaatz setzen...sot mol eierlech, wat as un deser Photo "luewenswärt"? Hun absolut naischt geint de Frank Schleck, ganz au Contraire, hien as am Moment een vun deenen bäschten Ambassadeuren vun eisem Ländchen...mir geet et em d'Photo usech...Geif mech op eng Äntwert an eng Diskussioun freen smile
rhconcept 10.06.2008 - 22:32
Ech wëll der eng kurz Äntwert op deng Froo gin, awer doräus keng grouss Diskussioun maachen.
Ech war mir lo just deng galerie op PG ukukken, ech wëll d'Qualitéit vun dengen Fotoen lo hei absolut nët kritiséieren, au contraire, ma ech kéint mer do och d'Froo zrëckgin: Wéivill Eifeltirem, Kirchen, Kathedralen fënnt en ëmmer nés hei op PG?
Fir mech war et bei dëser Foto just d'Eräusfuerderung fir am Gewulls no genug runzekommen an eng serie proper Portraien ze maachen vun engem Sportler den ech eben och enorm schätzen. Ech wollt mat der Foto keng Konscht produzéieren, genau sou wéineg wéi ech et als Konscht ugesin, eng kathedral proper oofzeliichten.
Klot 11.06.2008 - 01:42
Hehe, merci fir deng Äntwert, du hues gudd Argumenter geliwwert, dei mech iwwerzeegen. Sou wei ech och iwwerzeecht sin, dass hannert baal allen Photoen, sou gudd wei vun dir wei vun mir, eng Iwwerleeung an Aarbecht stecht. Sou weis du dech duerch d'Leit muss wullen, muss ech op den Sonnenennergang warden smile
Majo hoffen dass ech dir net zevill op d'Feiss getreppelt sin.
Mais mat sou Diskussiounen mecht Photogen Spaass, fenns de net? Aplaatz dei vill platt Kommentaren... smile (Oké ech gin et zou, man dat och heiansdo hehe)
rhconcept 11.06.2008 - 20:04
ké problem, mat 'op d'féiss trëtonguepelen'. Mat eppes hues de op jiddefall och recht: ech hun léiwer sou kommentaren wéi där wou s'de als fotograf guer näischt kanns dermat ufänken, ob elo positiver oder negativer. ech wënschen dir ob jiddefall weiderhin vill spaass mat der fotografie.
Klot 11.06.2008 - 20:39
Merci glaichfalls smile
Jean-Jos 12.06.2008 - 23:01
wat mech begeeschtert sin déng 50mm: du wars gaaaannnz no drun! (an d'Qualitéit ass dementspriechend gutt)
ofgesin dovun sin ech Velofreak an hun näischt géint esou Biller anzewenden, fannen äer Diskussioun allerdéngs och intressant!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 459 Gäscht online