Gefällt mir immens gudd, vum Opbau an der Idde, Hoerfaarw vum Modell an Faarw vum Stull sin och en flotten Eyecatcher. Just den Himmel ass mir vléicht e bessi zevill verschafft par rapport zum Réscht.
D' Iddi gefällt mir gutt, (wollt neemlech och mol esou eppes maachen) leider sinn ech vun der Ëmmsetzung hir net esou begeeschtert.
Konkret: De schiefen Horizont stéiert mech, dann Fuerwen. Wees net et ass irgendwéi eppes teschend S/W an Fuerweg.
Ech hätt eventuel och de cadrage aanescht gewielt. Vieläicht d' Meedchen bessi méi grous par rapport zum Rescht gecropt an dann och exakt an de goldenen Schnëtt gesaat.
Gefällt mir och !
Da Kommentar ass ganz treffend ... et war kaal.
Dat ganzt Bild spighelt och eng liicht ongemittlech Atmosphär erëm. Huelen un dat war gewollt.
Ganz gudd !