> superRGB < | |
Ech gesinn alt emmer rem dat een seng Fotoen am falsche Fuarwprofil op Photogen setzt, an dann traureg ass wann d'fuarwen net sou sin am internet wéi am Photoshop. D'ass sou, dat wascheinlech déi meechten de Fuarwraum am Photoshop op AdobeRGB gestallt huet. Den Adobe RGB huet grob gesot méi fuarwen déi den sRGB, an di meechte Schiirmer ennerstetzen daat net, an Web-browser och net... Dofir soll all Foto, fir dat d'Fuarwen korrekt ugewissen gin, vum Adobe RGB an den sRGB (deen ''s'' steet iwwregens fir ''small''!) emgewandelt (konvertéiert) gin. Fir dat mi einfach ze erklären weisen ech et mat e puer screenshots. Firausseltzung dofir ass den Adobe Photoshop. All versioun vum PS ass rem bessen aanescht ugeuerdent, mee d'misst een sech awer remfannen. Fenke mer un mam OrginalBild am Adobe RGB. ![]() Dann dohin goen wou um Bild gewissen ass. ![]() Nom klicken misst des menu-fenster opgoen. De Source space weist den actuellen Fuarwprofil un, an den Destination Space deen deen en nom convertéieren huet. Dee soll wéi gesoot sRGB IEC61966-2.1 sin. Di aaner Astelungen NET veränneren z.B d'blackpoint compensation, relative colorimetric asw... a wann se net sou sin, dan sou astellen wi hei um Bild ![]() Ass den sRGB net par défaut ugewissen kann een deen an der Lescht nosiche goen ![]() Dann ''ok'' drécken an dann ass et schon zimlech geschitt... just nach oppassen bei oofspäicheren den Fuarwprofil mat anzebetten, also d'kescht uklicken wann daat net schon ass (do wu de roude feil ass) ![]() Resultat/Verglach ![]() Wann nach ee froen huet... äntwere gär :) |