Online Shop
(08.06.2008 - 03:02)
Et ass schonn e puer Méint hier, do haate mer eng grouss Bestellung gemaach vun T-Shirten, déi mer doduerch och immens bëlleg kritt hun. Mee vun haut un, kënnt dir egal wéini dir Loscht hudd, am Onlineshop ären T-Shirt bestellen. Den Shop ass gemaach um Site vun www.spreadshirt.net, déi relativ bekannt sinn schonn dofir dass een op eng einfach Mannéier kann säin eegene Shop erstellen.
Mer bidden do Photogen T-Shirten un sou ähnlech wéi déi déi mer scho verkaf hun, mee och anerer, an do sollen no an no, wann daat ganzt bessen Succés huet, nach nei Motiver bäikommen, allgemeng äus dem Beräich vun der Fotografie oder der digitaler Fotobearbechtung. Wann dir Ideen hudd fir weider Motiver, si mir och méi wéi frou déi entgéint ze huelen.
Dir kennt op dem Shop är Bestellung maachen, an déi gëtt dann direkt bei ierch heem geliwwert, ouni laangt Waarden dertëscht.
[Hei geet et an de Shop]
(En ass awer och an der Navigatioun als drëtten Link ze fannen)
Happy Shopping

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
ApplEric
09.06.2008 - 20:43
Flott flott.
Lo waarden ech just nach datt den Photogen-Polo-shirt kënnt!
Lo waarden ech just nach datt den Photogen-Polo-shirt kënnt!
ApplEric
09.06.2008 - 21:02
Dat wirr wierklech super!
Well ech hun Poloshirter wierklech baal all Dag un!
Well ech hun Poloshirter wierklech baal all Dag un!
elmuzo
18.06.2008 - 17:18
Yep, hun en elo grad kritt. Dat klappt wonnerbar ... hun en och schon un. Superqualitéit ... kann ech nëmmen empfehlen.
Einfach a gudd Iddi.
CHEERS
MUZ
Einfach a gudd Iddi.
CHEERS
MUZ
Johny
18.06.2008 - 17:35
Ah du wars also den dee bestallt huet Ech gesinn keng Donnéen wann eng Bestellung gemaach gëtt, just eng Postleitzahl, waat iergendwéi jo lusch ass Mee freet mech wanns de zefridden domat bass! Ech hu mer der selwer och bestallt, déi missten lo och geschwenn ukommen.