Header
Canon matt neiem Apparat: 1000D
(10.06.2008 - 09:36)
Et gëtt scho säit e puer Joër iwwert en ähnlech an hierem Sortiment plazéierte Modell, haut bréngt Canon dësen dann endlech. Et handelt sech em EOS 1000D, déi an der ganzer DSLR-Rei elo nach firun der 450D steet als klengsten an bellegsten Modell.

Déi wichtegst Donnéen am Iwwerbléck:
- 10.1 Megapixel
- EOS self-cleaning
- 7 AF-Punkten
- 3 Biller pro Sekonn
- 2.5" écran matt Liveview
- Digic III Prozessor
- SD an SDHC Späicherkaarten
- 450gramm liicht

Ze kréien ass se vun Enn Juli un, an de Präis fir d'Geheis selwer soll bei 549€ leien, an mam 18-55 Is am Kit kascht se 649€

Méi Informatiounen:
- Canon Press Release
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
the_zipper 10.06.2008 - 13:20
Majo dann, se sinn voll amgaangen an den Einsteigersegment ze investeieren, waat keng schlecht sach ass un sech. Gudd wier awer och wann dest Joer dei längst iwerfälleg Nofolgerin vun der 5D geiff kommen.
spako 10.06.2008 - 15:04
OH jo!!! ech waarden schon deck gespaant op dei.. hoffentlech am September!!
klex 10.06.2008 - 19:57
Dei nei 5D wärt en Hit gin! Firausgesaat alles funktionéiert net wi bei der 1D3. Sin och gespaant smile
toto 10.06.2008 - 23:45
das jo eing 400D mat SD an Livewiew. Hmm sos neicht neies. pff
Johny 10.06.2008 - 23:48
Wanns de verstan häss wisou den apparat räusbruecht gi wir, wéisst de dass et net em nei Features geet oder sou. Geet just drem den Ufänger en bellege Modell unzebidden, an dofir ass eng eng ofgespeckten Versioun vun der 450D, geschäftlech gesinn, absolut logesch.
toto 11.06.2008 - 00:19
ah ok.
Rolacro 16.06.2008 - 21:45
Jo, an mat DIGICIII! Dats net schlecht!
big-basti 11.06.2008 - 13:16
Fannen dass en ganz gudden apparat fir en Ufänger. Leit gutt am Präis an huet dat wat een brauch. Geing soen ass su eng meschung vun 400D an 450D..

Wärt bestemmt gutt ukommen bei den ufänger di gär bessi vu allem hätten, gutt Fotoen man wellen an op DSLR emsteigen wellen closed_eye
BlackPanther 11.06.2008 - 13:39
-geschäftlech gesinn, absolut logesch.- JUP! (wubai se mam annoceierten Prais nik wierklech souuu WAIT fun den 400D/450D lait.....)

mee fir de Rescht wees ech nik waat ech derfun soll haalen dassen schon nees een fun den EINSTEIGERmodellen updaten an sech na emma NAISCHT um Maart fum GROUSSEN Spillgzei deet....cool