Studio Erëffnung
(11.01.2010 - 10:01)
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.
Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.
Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php
Hoffentlech bis en Sonnden dann.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
gloda
11.01.2010 - 10:47
Woop woop! So, gin déi Detailer wéi een de Sall lount dono och entzwouch opgeschriwwe fir déi wou net komme kënnen?
Vill Spaass all denen déi dobäi kënne sin
Vill Spaass all denen déi dobäi kënne sin
BlackPanther
11.01.2010 - 14:39
yeah!hoffen dLait sin all agelueden an den Dr.Pepper lait kaal!
wei Gloda seet: Vill Spaass all denen déi dobäi kënne sin!
wei Gloda seet: Vill Spaass all denen déi dobäi kënne sin!
ApplEric
13.01.2010 - 12:59
Oh, wirr gär bis laanscht komm, ma sen awer zu Kaiserslautern an muss schaffen...
Schued. Wënschen ierch awer all vill Spaß!
Schued. Wënschen ierch awer all vill Spaß!