Header
Déi läscht News
(31.03.2012 - 17:52)
Naja, net grad: an Zukunft wärt ech d'Technik News op eisen Twitter Account photogenlu posten.
Dir kënnt op der do Adress selwer d'News liesen, oder, wat vill méi praktesch ass, en Account do opmaachen an d'News direkt op den Computer oder Telefon geschéckt kréien. Eng ganz Rei vu Leit vu Photogen si schonn op Twitter ugemellt.
Op dëser Plaz kommen an Zukunft just nach déi méi grouss News, also wann zB eng nei wichteg Kamera virgestallt gëtt.

Sony
Sony huet dëse Mount d'A57 SLT virgestallt. D'Nofolgerin vun der A55 bleift der 16MP Opléisung trei, awer den ISO geet elo bis 16 000. Den Mode Rafale leeft elo bei 12fps an den AF Sytem gouf verbessert, mat 15 AF Punkten an der Fähegkeet während dem filmen séier ze fokusséieren. De Video kënnt am HD, bei 60p/60i a 25p. De Präis läit bei 700 Dollar fir de Boitier eleng. Den Apparat kënnt de 16. brëll op de Marché.

Zeiss
Carl Zeiss huet offiziell en neit Wäitwénkel Objektiv ugekënnegt. Den Distagon T* 2,8/15. Ze kréie mat EF oder F Bajonett. Ab Mee 2012 dierft der iech dat gutt Stéck knapp 2148€ kaschte loossen.

Adobe
Den Photoshop CS6 ass elo als Beta Versioun disponibel fir gratis ze testen. Dir braucht eng Adobe ID fir de Programm direkt vun www.adobe.com erof lueden ze kënnen. Hei ass en Video wou den Russel Brown 6 vu senge neie Lieblinsfeatures virstellt: http://www.youtube.com/watch?v=PTYcRWPsZUg
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
VeloBen 03.04.2012 - 23:10
Keen Abrëllsgeck dest Joer ?
gloda 03.04.2012 - 23:37
Bass de enttäuscht?
VeloBen 04.04.2012 - 00:15
bigsmile Awer sëcher daat!