Header
Photogen sicht nei Fotoen fir den Header
(28.08.2006 - 04:09)
Wa puer Leit net wëssen waat matt Header gemengt ass: Daat Bild uewen op der Page. An mir sichen elo noo neien Fotoen fier dohinner. Ärer Kreativitéit si keng Grenzen gesaat. Dir kënnt ierch rouech eppes ganz extravagantes äusdenken, just folgen Kriteren MUSSEN agehaale gin:

- D'Foto därf net méi kleng sin wéi 662x116 Pixel
- D'Foto kann zwar bessen méi grouss sin, mee se gëtt herno op genee 662x116pixel geschnidden/verklengert
- Et muss en bessen Plaatz fräi dra sin fir kënnen den Logo dranzesetzen plus eise Slogan
- Dir musst äusdrécklech dermat averstaane sin dass d'Foto vun photogen.lu gebräucht gëtt fir desen Zweck. Se kann och gebräucht gin fir Webbanner ze erstellen fir Reklamm ze maachen, mee fir aaner Saachen gëtt se net geholl.
- Et därf fir absolut keng Firma oder Mark Reklamm drop gemaach ginn.

Dir kënnt och rouech méi wéi 1 Foto eroplueden dofir, am beschten wir et souguer wann mer en puer Fotoen géifen kréien fir verschidden Joreszäiten.

Wann dir dann elo eng Foto wëllt dofir eroplueden, dann gidd fir d'éischt ganz normal fir, sou wéi dir ëtt och normalerweis maacht fir eng aaner Foto eropzelueden. Als Kategorie wielt dir dann einfach Allgemeng »» Photogen Header-foto.

Fir de Recht sin eis allgemeng Reegelen natirlech ze respektéiren. An lued w.e.g. keng Foto erop, an setzt de dann einfach als zweet Kategorie an dëss, daat ass net de Sënn vunn der Saach!

Wéieng Fotoen herno geholl ginn, daat décidéieren dann déi 3 Admins ënnert sech.

Also, hoffe mer dass e puer ganz flott Resultater do kommen. Vill Spaaß.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
CANON 28.08.2006 - 11:39
Merci fir derklärung vum wuert " Header " well do no hätt ech nach lang gesicht ....bigsmile
pa 28.08.2006 - 17:51
Wéi wir ët mat ë puër Header-Photoën, déi beim Luëden zoufälleg ausgewiëlt gin (wann méi wi eng gudd agereecht gett)? Sou eppes hun ech z. Bsp. op egalwaat.lu gemaat.
Maggele 29.08.2006 - 13:27

fannen et super ze gesin dass photogen sech beweecht! jupiibigsmile
Johny 29.08.2006 - 15:54
@pa: Ech selwer hun daat och schonn an aaner Websäite gemaach, mee ech denken hei passt et besser wann et eng ass, an mer se pro Joreszäit einfach wiesslen.
Hannah 29.08.2006 - 20:38
Oder vlait pro Mount wiesselen? Fannen d'Iddi gudd smile
ApplEric 30.08.2006 - 14:41
Firwat eng einfach Foto? Ech senn jo bekanntlech ee groussen Frend vum Macromedia Flash. Domatt geif sech schons eppes maache loossen. Dat wirr mei dynamesch, an hellt net mei spaicherplaatz wesch wei eng foto. Mee bon, dat ass lo just sou eng Idee vu mir. Dir kennt eech dei jo mol duerch de Kapp goe lossen. Mee ech kinnt mer do schons eppes firstellen.
Johny 30.08.2006 - 14:50
Nee flash ass wann een eppes well weisen waat vill Effekter huet, a well domat beandrocken, mir sollen eis duerch eis Fotoen äuszeechnen, also soll daat och genee sou an den Header. An Flash Headeren sin näicht fir Communites, sws. Daat geet engem séier op d'Nerven smile
ApplEric 30.08.2006 - 14:55
Oh, schued... :-S

Mee et kinnt ee jo awer och eng .GIF-Animatioun huelen. Dei kann een och nemmen eng Keier spille lossen an dann, wann d'animatioun verdeg ass, stoppt se. Dat wirr dach secher eng alternativ, oder?
pa 30.08.2006 - 22:19
Do fannen ech, huët de Johny awer Recht. Géint Flash sin ech souwisou an ët sollt besser eng statesch Photo sin, dat spijhelt och besser den Inhalt vum Site erem. Hei luëd een jo och just Photoën a keng Animatiounen/Videoen erop.

Apropos: Vu wou ass eigentlech di aktuell Headerphoto? Vun der belscher Küst, oder sou? Fannen ech flott.
Johny 30.08.2006 - 23:27
Eric sich mol am google weivill Faarwen eng .gif Datei huet ... smile

Also ech sin zwar nach enttäuscht vun äre Fotoen. Den Val ass den eenzegen den gudd Ideen bis elo bruecht huet. Do soll eng Foto dran déi, nett wei dei elo, sou äusgesäit wéi eng ganz normal Foto. Et soll eppes ganz spezielles sin. z.B. hun ech bei enger Community eng Kéier gesinn dass se eng Foto am Header haaten, wou een op engem Steg luch, an säin Kapp nemmen fier mamm Gesiicht an d'Waasser gehaal huet. Daat war dann technesch gesin perfekt fotograféiert, an daat waat ee gesin huet war eenmoolech, daat gesäit een net op enger normaler Foto. Mee sou Fotoen wei bis elo do sin, do ass néirens sou eng Idee dran.

@pa: Net grad, war an Holland closed_eye
ApplEric 30.08.2006 - 23:34
256 Faarwe gin dach duer,... smile

Hmm, eng extra Foto wells de...
Mol kucke wat sech do maache leisst.
Do muss ech meng gro Zellen mol ustrengen.
Wei wirr et mam "Discolift"? smile

Mee ech hat gemengt du häss gär sou eng Foto wei se lo am moment ass. Eben eng flott Foto vun enger Landschaft. Also, fir den neien Header häss de gär eng dynamesch, wa meiglech matt Leit drop, dei eben vum Motif eemoleg ass, oder hun ech den trick nach emmer net raus?
Johny 30.08.2006 - 23:52
Ganz egal waat drop ass, ech wollt ierch just e Beispill gin. Ech well keng Landschaftsfoto wei dei dei lo do ass well da keinte mer dei genee su gudd haalen bigsmile Zäit hudd der och genuch, also dir kennt souwisou nach bessen probéieren waat daat ganzt ugeet.
Kleent 03.09.2006 - 19:10
Huch, grad entdeckt... flott idee smile mol kucken, vlaicht maan ech och mol eppes sceptical closed_eye